KierchbiergAlkoholiséierte Chauffer randaléiert no Accident am Spidol

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt 3 Blesséierter bei engem Accident e Mëttwoch kuerz virun Hallefnuecht, wéi sech um Blvd Kennedy um Kierchbierg 2 Ween ze pake kruten.
© Domingos Oliveira / RTL-Archiv

Ee Gefier ass engem aneren op der Héicht vun der Nationalbibliothéik hannen opgefuer. Wéinst dem staarken Opprall ass ee vun den Autoen ëm seng eegen Achs geschleidert ginn. Wéi am Bulletin vun der Police ze liesen ass, wier a béide Fäll en Totalschued entstanen. Donieft goufen 3 Persoune verwonnt. Am Laf vun den Ermëttlunge koum eraus, dass déi Persoun, déi den Accident verursaacht huet, Alkohol consomméiert hat. Den Test ass positiv ausgefall. Kuerz nodeems de Fuerer an d'Spidol ageliwwert gouf, soll hien an der Urgence randaléiert an ee Sécherheetsbeamte blesséiert hunn. Well hie fir sech selwer an Drëttpersounen eng Gefor duergestallt huet, koum hien an eng Ausniichterungszell. Hien huet säi Permis missen ofginn. Nieft 3 Ambulanzen aus der Stad waren och nach d'Pompjeeë vun Nidderaanwen op d'Plaz geruff ginn.

Nëmmen e puer Minutte virdrun waren d'Stater Pompjeeën, 2 Ambulanzen an de Samu an d'Rue Englebert Neveu op Hamm geruff ginn, well hei eng Matrass Feier gefaangen hat. Eng Persoun gouf blesséiert.

Déi selwecht Zäit stoung zu Diddeleng an der rue des Champs den Daach vun engem Haus a Flamen. D'Pompjeeë vun Diddeleng, Beetebuerg a Keel hu geläscht. Et blouf beim Materialschued.

En Dënschdeg hat eng weider Persoun ënner Alkoholafloss randaléiert. Um 19.40 Auer gouf de Beamte vun der Police e Mann gemellt, deen an er Avenue Emile Reuter Automobilisten ugepöbelt a mat sengem Rimm ëm sech geschloen huet. E bësse méi spéit gouf de Mann op der Kräizung Bvd Joseph II / Avenue Emile Reuter op der Fuerbunn fonnt. Hie koum iwwer Nuecht an d'Ausniichterungszell.

Back to Top
CIM LOGO