An der StadAlkoholiséiert mat héijer Vitess duerch Rout, duerno war de Permis fort

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viurn 1 Auer an der Nuecht op e Freideg ass der Police e Chauffer duerch seng sportlech Fuerweis opgefall.
© RTL Archivbild

De Mann war un der Kräizung vum Boulevard d'Avranches mat der Avenue de la Gare nawell schëtzeg duerch Rout gefuer a gouf dowéinst vun de Beamte gestoppt. Ma net just, dass den Alkoholtest positiv war, de Chauffer a säi Bäifuerer haten och nach géint d'Ausgangsspär verstouss.

Um Enn krut de Chauffer de Permis ewechgeholl an allen Zwee e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO