PoliceAlkoholiséiert Automobilistin baut Accident, Führerschäin fort

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch ass eng Automobilistin en Dënschdeg den Owend am Rond-point Raemerich an den Trottoir gerannt. Si hat definitiv ze vill Alkohol am Blutt.

Den Accident war géint 22.50 Auer an et koum deels zu Verkéiersbehënnerunge wéinst dem Auto, dee ganz schlecht am Rond-point stoung. De Polizisten ass bei der Kontroll opgefall, dass d'Automobilistin net ganz erniichter war, wat den Alkoholtest och bestätegt huet. De Führerschäin gouf agezunn an d'Fra protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO