PoliceAlkohol hannert dem Steier, Cyclist blesséiert a Permis no Accident agezunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt koum et e Mëttwoch den Owend zu e puer Virfäll op eise Stroossen an zu enger Verhaftung moies um Wandhaff.
© RTL

E Mëttwoch den Owend ass der Police en Automobilist zu Gréiwemaacher wéinst sengem komesche Fuerstil opgefall, Beim Test ass dunn en erhéichten Alkoholpeegel erauskomm. De Permis gouf agezunn, e Protokoll gouf erstallt.

Kuerz virun Hallefnuecht ass der Police dann en Automobilist an der Stad, méi genee an der Côte d'Eich opgefall. Dëse war mat héijer Vitess ënnerwee. Och hei war den Alkoholtest positiv, ma net héich genuch, fir de Permis anzezéien.

Bei engem Accident zu Mamer an der Areler Strooss gouf um 19.35 Auer e Cyclist blesséiert. Eng Automobilistin hat de Mann um Vëlo net direkt gesinn, wéi si wollt d'Opfaart fir op d'Autobunn huelen. Si krut de Cyclist mat hirem Auto ze paken, dee blesséiert gouf, awer uspriechbar war. De Mann gouf op der Plaz noutversuergt a koum an d'Spidol. D'Automobilistin stoung ënner Schock, si an hire Bäifuerer goufen awer net verwonnt, wéi d'Police präziséiert.

Zu Ettelbréck krut géint 20.40 Auer e Chauffer no engem Accident um CR305 säi Fürerschäin ewechgeholl. De Mann hat d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war an e Schantje gerannt. Spéider gouf festgestallt, dass de Chauffer ze déif an d'Glas gekuckt hat. Hie gouf beim Accident net blesséiert, krut awer e provisoresche Fuerverbuet an e Protokoll ausgestallt.

Moies géint 10 Auer hat den e Mann probéiert, an engem Akafszenter um Wandhaff eppes ze klauen. D'Sécherheetspersonal huet hien awer dobäi erwëscht, wéi hie Wueren am Wäert vun 366 Euro wollt mathuelen, ouni ze bezuelen. D'Police gouf geruff, de Parquet gouf informéiert an de Mann koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO