Aus dem PolicebulletinAlkohol am Spill, Permis ofginn, Nuecht am Arrest verbruecht

RTL Lëtzebuerg
Direkt e puer Leit sinn an der Nuecht op e Samschdeg opgefall, well si ze vill gedronk haten a sech donieft beholl hunn.
Police
Police
© Police

Géint 23 Auer e Freideg den Owend hat d'Police zu Déifferdeng bei enger Vitess-Kontroll een Automobilist mat 125 km/h amplaz den erlaabte 70 km/h erwëscht. De Mann huet säi Führerschäin op der Plaz missen ofginn.

Géint 23.30 Auer hat eng Fra der Police een Accident zu Habscht an der Rue de Steinfort gemellt. Op der Plaz huet sech erausgestallt, datt e Chauffeur mat engem Fiels laanscht d'Strooss kollidéiert war. Well de Mann no Alkohol geroch huet, gouf een Test gemaach an dee war positiv. Um Policebüro huet de Mann dunn ugefaangen d'Beamten ze beleidegen, ze provozéieren a wollt sech net méi berouegen. Um Enn huet hien d'Nuecht am Arrest verbruecht.

An der Rue de la Tour Jacob am Gronn an der Stad huet géint 20.50 Auer e Freideg den Owend e Mann op sech selwer an een Autoe ageschloen. Eng éischt Patrull vun der Police huet Verstäerkung ugefuerdert an doduerch ass et de Beamten dann och gelongen, fir de Mann ze immobiliséieren. Och hien huet dierfen am Arrest schlofen.

Um Kierchbierg gouf der Police géint 22.30 Auer een alkoholiséierte Mann gemellt, deen an enger vun de Kabinne vum Funiculaire geschlof huet. Wéinst dem Zoustand gouf eng Ambulanz geruff. Wärend der medezinescher Untersuchung huet de Mann misse vu sengem Hond getrennt ginn, dat huet him guer net gefall an hie wollt d'Securisten attackéieren. Dës konnt verhënnert ginn. Och an dësem Fall huet de Mann d'Nuecht an enger Zell verbruecht. Den Hond gouf an d'Déierenasyl op Gaasperech bruecht.

E Samschdeg de Moien um 7.40 Auer gouf et dann nach een Accident op der A13 op der Héicht vum Tunnel Aessen. E Mann war mat sengem Gefier an d'Leitplanke gerannt. Och hei war Alkohol am Spill. De Chauffeur krut ee provisorescht Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO