
D’KPL feiert dëse Weekend hiren 105. Anniversaire. An deem Kontext huet den Ali Ruckert e Freideg de Moien um Radio 100,7 annoncéiert, datt hien um nächste Kongress als President vun der Kommunistescher Partei zrécktrëtt.
De Journalist a Chefredakter vun der “Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek” stoung elo méi wéi 25 Joer un der Spëtzt vun der KPL a war u sech d’Gesiicht vun de Kommunisten zu Lëtzebuerg.
Den Ali Ruckert sot am Interview, hie wéilt weider politesch aktiv bleiwen an der Kommunistescher Partei. Wien d’Successioun iwwerhëlt, ass nach net decidéiert.