WiederwarnungAlerte Jaune wéinst extreemer Keelt vu Meteolux fir e Méindeg vun Hallefnuecht bis 10 Auer moies

RTL Lëtzebuerg
Am ganze Land leien d'Minimaltemperaturen tëscht -9 °C et -6 °C.
© RTL

D’Wiederwarnung vu Meteolux ass wéint extreemer Keelt vu Mëtternuecht bis 10 Auer um Méindeg de Moien.

An der Nuecht op e Méindeg ass et am Ufank op ville Plazen dréchen. Géint der Moie ka sech regional Niwwel bilden. Et gëtt och ganz kal mat Temperaturen tëscht -6 an -9 Grad.

E Méindeg am Nomëtteg sinn zäitweis an a verschiddene Géigenden e puer Opklärunge méiglech. Et bleift fir d’éischt dréchen, am Laf vum Dag komme vum Nordwesten hier nees Schnéischaueren op, dat mat Glatäisgefor. Op ville Plazen ass Dauerfrascht mat Temperaturen tëscht -4 an -1 Grad ze rechnen.

Back to Top
CIM LOGO