Dernieft dierf een néierens an de Galerië méi iessen an drénken. Zil: D'Clientë solle manner Zäit beim Akafen verbréngen. U sech net fërderlech fir d'Geschäft, mee am Secteur weist ee Versteesdemech fir d'Mesuren.
Datt dat elo gesetzlech reglementéiert gëtt, fënnt de Gerant vun engem Akafszenter zu Bartreng gutt, dat géif zur Acceptanz vun de Clientë bäidroen, seet de Max Koster. Deen awer och betount, datt et ee gemeinsaamt Zil virun Aen hätt: de Virus an de Grëff ze kréien. Deemno misst d’Shoppingerliefnis ugepasst ginn. Als Akafszenter hätt een d’Flicht dem Client e séchere Kader ze bidden. Dat vun der Regierung gefuerdert Konzept hu vill Akafszentre scho méi laang ëmgesat. Hei op der Helfenterbréck beispillsweis patrulléiert de Sécherheetsagent duerch d’Galerie fir opzepassen, datt keen hei consomméiert an et net zu Mënschenusammlunge kënnt. Butteker mat méi wéi 400 Metercarré Surface dierfe jo net méi wéi 1 Client op 10 Metercarré eraloossen. Dee Schlëssel hätt een och de méi klenge Butteker recommandéiert. Et gi keng Verkafsstänn an der Galerie méi. Dowéinst gëllt d’Aschränkung vun engem Client pro 10 Quadratmeter net fir de Shoppingzenter. Nawell hätt een en digitale System, deen zielt wéi vill Leit eran- an erausginn. Géif een do eng gewëss Limitt erreechen, kéint een handelen.
Och d’Handelskonfederatioun ass der Meenung, datt d’Geschäfter sech reaktiv weise mussen, fir den Infektionsrisiko ze minimiséieren. Den Directeur adjoint Claude Bizjak mécht awer och den Appell un d’Clienten, Eegeverantwortung a gesonde Mënscheverstand ze weisen. Plazen, wou Leit an der Schlaang stinn ze evitéieren.
Duerch déi nei Mesurë soll den Openthalt vun de Clienten an den Akafszentere verkierzt ginn. Wéi een Impakt dat op d'Venten huet, ass schwéier anzeschätzen, seet de Max Koster. Manner Visitte géif net zwangsleefeg manner Chiffer bedeiten. Och wann eventuell manner eeler Leit kéimen, esou géifen hir Kanner awer da fir si akafen.
Der CLC no ass et awer net ausgeschloss, datt verschidde Geschäftsleit dat anert Jore op nei Hëllefsmesuren ugewise sinn. Vill Commerce géife 40-50% vun hirem Ëmsaz am Dezember maachen. Vill hätte sech privat verschëlt, an der Hoffnung hire Betrib nees op d’Been ze kréien. Ugangs 2021 misst een do de Bilan zéien.
