
Wéi de Passagéier vun der Police iwwerpréift gouf, huet sech erausgestallt, dass en Haftbefeel géint hie virlouch. De Parquet huet dunn ordonéiert, dass de Mann misst an de Prisong kommen, falls hie seng Geldstrof net bezuele géif.
Nodeems de Mann en Deel vun där Strof bezuelt huet, konnt hien awer nees heemgoen.