
Zu Lëtzebuerg ginn et eng Rei Hëllefe fir Fraen, déi awer bei wäitem net duer ginn, fënnt d'CSV-Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch an huet dës Problematik dofir e Mëttwoch de Mëtteg am Kader vun enger question élargie um Krautmaart opgeworf a fuerdert ganz konkret 11 Mesuren.
Françoise Hetto-Gaasch:"Éischtens: mir hunn d'Convention d'Istanbul ënnerschriwwen an do steet kloer am Artikel 24 dran, dass eng Hotline muss geschaaft ginn, déi 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 muss fonctionéieren. Mir hu wuel eng Helpline, mä déi fonctionéiert just an der Woch zu Bürosstonnen an duerno gëtt een dann un d'Police weidergeleet. Et geet awer hei drëms, ronderëm d'Auer vu forméierte Leit beroden ze ginn an och gehollef ze kréien. Zweetens: praktesch wier och d'Schafe vun enger App mat de wichtegsten Telefonsnummeren drop, wou een an enger reeller Gewaltsituatioun kann dorop drécken, fir dass entweder d'Police, Fraenhaiser oder aner Servicer direkt alertéiert ginn. D'Affer kann domat geolokaliséiert ginn a ganz séier gehollef kréien. Bëssen esou wéi den Tele-Alarm. Drëttens: de Besoin u Plazen an de Fraenhaiser ass enorm. Besonnesch an Noutsituatiounen, no enger Wegweisung awer och an enger sougenannter zweeter Phas. D'Capacitéiten hei mussen dréngend opgestockt ginn."
Donieft missten och d'Police, Assistents sociaux an d'Magistratur ëmmer nees Formatioune maachen. Et géing nämlech nach ëmmer Mediatioun hei am Land verschriwwe ginn, wa Gewalt am Stot am Spill ass, obwuel dat explizitt net an der Convention d'Istanbul virgesi wär. Donieft géing et och dacks Jore brauchen, bis een Dossier Suitte kritt. D'Ministesch fir Chancëgläichheet Taina Bofferding betount an hirer Äntwert, dass zanter September een neien interministeriellen Aarbechtsgrupp op d'mannst 1 Mol de Mount zesummekënnt, fir eben un neie Léisungen ze schaffen a fir ze kucken, ob et net vläicht Gesetzesännerunge bräicht.
Taina Bofferding: "Dir hutt vun der Hotline geschwat. Jo, dat ass richteg, dat hu mir an der Istanbul-Konventioun stoen. Mir sinn amgaangen ze kucken. Et ginn eng Hellewull Hotlinen a Nummeren, wou ee sech ka mellen, wat och gutt ass. Mir mierken awer ëmmer erëm, dass d'Leit grad an der Situatioun iwwerfuerdert sinn a net ëmmer wëssen, bei wéi engem Service si sech solle mellen. Déi éischt Nummer, déi et dann nach ëmmer gëtt, ass den 113 fir d'Police. Mä d'Iddi ass elo mol fir sou een Screening ze maachen an ze kucken, fir vläicht nach eng aner Nummer en place ze setzen, ouni awer eng zousätzlech ze maachen, also fir ze kucken, fir do eventuell Synergien ze schafen. Dat nämmlecht zielt och fir den Internetsite, mir hu jo elo de vun der Violence, wou mer och alles zesummen hunn, fir eben ze kucken, dass mer dat nach méi kënne strukturéieren. An ech mengen och, dat mat der App sinn interessant Pisten, déi een och ka kucken, dass een dat eben da gebündelt kritt. Mä wichteg ass, dass et transparent ass an einfach ass, dass eng Persoun, wa se Hëllef brauch, direkt weess, wou se sech kann u wie wende goen."
Wat d'Moyenen ugeet fir d'Gewalt am Stot ze bekämpfen, sou betount d'Ministesch, dass de Budget vun hirem Ministère konstant géing an d'Luucht goen. 2013 wären et 9,5 Milliounen Euro gewiescht, déi an de konventionéierte Secteur gaange wiere fir de Volet Gewalt, 2018 waren et 13,8 Milliounen an elo fir de Budget 2020 bal 17 Milliounen Euro, sou d'Taina Bofferding.
RTL NEWS: Betraffener traue sech dacks net, iwwert de Mëssbrauch ze schwätzen