
An engem Hotel um Findel gouf eng Persoun e Sonndeg de Moien iwwerfall. De Concernéierte gouf vun zwee Männer geschloen a krut säi Smartphone geklaut. D'Affer ass den Täter nach a Richtung Fluchhafen nogelaf, do krut hien der nach e puer. D'Déiwen hu sech dunn duerch d'Bascht gemaach.
Zu Iechternach an der Rue André Duchscher krut eng Persoun géint 19.40 Auer hir Posch geklaut. De Verdächtege konnt méi spéit op der Busgare gepëtzt ginn. Et gouf Plainte gemaach.