
Viru kuerzem ass nämlech um Stater Geriicht en Affekot ënnert anerem wéinst Verontreiung a Prise illégale d'intérêts zu enger Geldstrof vu 40.000 Euro verurteelt ginn.
Dem Affekot war virgehäit ginn, tëscht Januar 2002 an Abrëll 2008 als Curateur vun zwou Societéiten, déi 1993 faillite erkläert gi waren, net korrekt gehandelt ze hunn. Dat andeems de Mann, dee bal 42 Joer am Beruff schafft, am Januar 2002 Domiciliatiounskontrakter mat enger SA ënnerschriwwen hat, wat zum Bezuele vun net grad 42.700 Euro gefouert huet. Woubäi den Affekot Aktionär vun där SA war.
Déi zwou faillite Gesellschafte waren an der Reassurance aktiv, respektiv Intermédiaire, Courtier an Agent a Saachen Assurance a Reassurance. Déi 1. hat am September 1993 hiren Agrément vum Ministre du Trésor entzu kritt a war am Oktober vun deem Joer faillite erkläert ginn, déi zweet e Mount drop. Den Affekot aus enger grousser Etüd um Kierchbierg war vun November 1993 un eleng Curateur vun deenen zwou Faillitten. Déi zwou Societéite ware vu Januar 2002 bis Juni 2008 bei der SA domiciliéiert. Tëscht 2008 an 2012 haten zwee Juge-Kommissären ëmmer nees Informatioune gefrot, därer si awer net genuch kruten. Am Oktober 2012 goung den Dossier vun deene Faillitten dunn un de Procureur d’État. Wouropshin et zu enger Enquête vun der Police judiciaire koum.
Am Urteel halen d'Riichter fest, dass, well déi zwou Societéite faillite waren, eng Domiciliatioun dem Gesetz no net néideg war. Et wär deemno e Feeler gewiescht, fir als Curateur déi zwee Domiciliatiounskontrakter ofzeschléissen. Duerch Payementer hätt den Actif vu béide Societéiten och ëm déi ronn 42.700 Euro ofgeholl. D'Infraktioun vun der Verontreiung wär dowéinst zréckzebehalen, genee wéi déi vun der Prise illégale d’intérêts. Et géif nämlech en totaalt Verbuet gi fir deen, deen eng Mission de service public ugeholl huet, fir säi privaten Intressi mat deem ëffentlechen a Kontakt ze bréngen. Virun deem Hannergrond wär eng Prisongsstrof vu bis zu 5 Joer an eng Geldstrof vu bis zu 125.000 Euro méiglech. Well d'Faite laang zréckleien an den Affekot net virbestrooft ass, sollt keng Prisongsstrof gesprach ginn, mä wéinst der Gravitéit vun de Faiten eng Geldstrof vu 40.000 Euro. Donieft missten déi knapp 42.700 Euro zréckgoen an d'Mass vun der Faillite vun deenen zwou Societéiten.