CGDISAccidenter mat 4 Blesséierten, Elektro-Camionnette a Flamen

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg géint 17.30 Auer zu engem Accident mat 2 Ween tëscht Trënteng a Réid. Eng Persoun gouf blesséiert.
© RTL Archivbild

Zu Bartreng an der Rue des Merovingiens huet eng elektresch Camionnette gebrannt. Hei ass kengem eppes geschitt.

Zu Monnerech krute sech 2 Gefierer an der Grand-Rue ze paken. De Bilan ass 1 Blesséierten.

Eng Persoun gouf verwonnt, wéi op der RN131 tëscht Esch a Bieles en Auto an e Cyclist net laanschtenee komm sinn.

Da gouf et nach 1 Blesséierten op der Gaaschtmillen. Hei krut e Gefier e Bam ze paken.

Back to Top
CIM LOGO