A6Accident um Zéissenger Kräiz, et staut massiv

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt geroden, d'Deviatioun iwwert den Echangeur Bartreng respektiv Stroossen ze huelen. Den Accident ass mëttlerweil geraumt.

Wéinst engem Accident um Zéissenger Kräiz an der Brëtell vun der A6 a Richtung Arel op d'Escher A4, koum et um Dënschdeg de Mëtteg zu gréissere Perturbatiounen.

Wéi et am Bulletin vum ACL heescht, géif et op der Plaz net laanscht den Accident goen.

Um 15 Auer 15 da koum de Message vum ACL, dass den Accident geraumt wier, ma et ëmmer nach e massive Réckstau bis op d'Gaasperecher Kräiz géif ginn.

Back to Top
CIM LOGO