
Op der Plaz waren d'Stater Pompjeeën an Ambulanz, wéi och d'Pompjeeë vun Nidderaanwen/Schëtter.
Géint 13.15 Auer huet et och op der Tréierer Autobunn geknuppt. Do krut en Auto d'Leitplank an der Entrée Potaschbierg ze paken. De Bilan ass hei 1 Blesséierten. Am Asaz waren d'Ambulanz vu Mäertert an d'Pompjeeë vu Gréiwemaacher, Mäertert a Manternach.