StadAccident tëscht Bus a Camion op Kräizung Avenue de la Gare, Bvd de la Pétrusse

RTL Lëtzebuerg
4 Persoune goufe liicht blesséiert, mellt de CGDIS. D'Kräizung war duerch den Accident komplett blockéiert. Et gouf e Stau an all Richtungen.
© RTL Mobile Reporter

Den Accident war kuerz no 10 Auer a war virun 11 Auer nees geraumt.

Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus der Stad, grad ewéi 2 Ambulanzen.

© Domingos Oliveira / RTL

Géint 10.30 Auer gouf et en Accident tëscht engem Auto an engem Moto an der Hollerecher Strooss. Hei gouf 1 Persoun liicht verwonnt.

Géint 8.30 Auer huet et tëscht 2 Autoe geknuppt an der rue de Hamm an der Stad. Heibäi goufen 2 Persoune liicht blesséiert.

Géint 7.30 Auer da gouf et schonn en Accident tëscht engem Auto an engem Moto um CR346 tëscht Klengburghaff a Schrondweiler. Hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Fiels waren op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vun Noumer.

Back to Top
CIM LOGO