
Hei hate sech e Bus an en Auto ze pake kritt. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert, si huet missten an d'Spidol bruecht ginn. Den Accident huet dann och fir e gréissere Réckstau a fir Verspéidungen am ëffentlechen Transport gesuergt, well de Bus an den Auto hei sämtlech Spuere blockéiert haten.