
An der Rue de Luxembourg zu Koplescht a Richtung Briddel ass e Méindeg géint 16.30 Auer en Automobilist mat sengem Won mat engem geparkten Auto kollidéiert, woubäi och eng aner Persoun um Bee verwonnt gouf. Spéider huet een du festgestallt, datt de Mann kee gültege Fürerschäin hat a bis 2027 net fueren dierft. Och den Auto war net richteg ugemellt. De schëllege Chauffer gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.
Kuerz no Hallefnuecht ass an der Route de Diekirch zu Bettenduerf en Automobilist mat sengem Auto an e Luuchtepotto gerannt. Wéi d'Police op d'Plaz koum, war vum Chauffer näischt méi ze gesinn. Wéi een e spéider fonnt huet, gouf festgestallt, datt en ze vill gedronk hat.
Géint 5.45 Auer ass tëscht Biissen a Viichten en Auto op der Kopp gelant. Eng Persoun gouf bei deem Accident blesséiert.
D'Pompjeeë vu Biissen a Miersch waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vun Ettelbréck.
Géint 6.20 Auer gouf et en Accident op der Escher Strooss an der Stad. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm. 2 Persoune goufe blesséiert a koume mat Ambulanzen an d'Spidol. Och d'Stater Pompjeeë waren am Asaz.
Géint 9.45 Auer gouf et dann nach op der Héicht vun der Industriezon um Fridhaff en Asaz fir d'Pompjeeë vun Angelduerf an Dikrech. Hei war eng Kartongskëscht an enger Camionnette a Brand geroden. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vun Ettelbréck war op der Plaz.