CGDISAccident op der A3 hat fir zousätzleche Stau gesuergt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg sinn op der A3 Richtung Stad, op der Héicht vum Grenziwwergang 3 Autoen aneneegerannt. Heibäi goufen 2 Persoune blesséiert.
© CGDIS

Op der Plaz waren d'Ambulanzen an d'Pompjeeë vun Diddeleng a Keel.

Géint 16.30 Auer war dann nach en Accident zu Helleng an der Munnereferstrooss. Hie waren 2 Autoen net laanschtenee komm. 1 Persoun gouf verwonnt. D'Pompjeeë vun Diddeleng, Uespelt a Fréiseng waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz vun Diddeleng.

Back to Top
CIM LOGO