
Den Accident ass géint 5.40 Auer geschitt an eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeën aus der Stad, vu Mensder an Nidderaanwen waren op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanz aus der Stad an de Samu.
D'Autobunn huet musse wärend den Opraumaarbechte komplett gespaart ginn, wat natierlech fir zolidd Problemer am Trafic gesuergt huet. Géint 7.15 Auer war den Accident geraumt, ma deen Ament goufen et nach 12 Kilometer Stau.