Tëscht dem Briddel a StroossenAccident mat engem Camion an 3 Autoen, 2 Persoune goufe blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg ass et um CR181 op Héicht vum Fräiheetsbam zu engem uergen Accident komm.
© Domingos Oliveira / RTL

Een Automobilist, deen aus Richtung Briddel koum, hat probéiert, fir een aneren Auto ze iwwerhuelen, ma hien ass net méi mat Zäiten op seng Spuer zeréck komm an ass frontal an een anert Gefier, wat aus Richtung Stroosse komm ass, gerannt.

De Mann am éischten Auto koum schwéier blesséiert an d'Klinick. De Chauffeur aus deem aneren Auto gouf liicht blesséiert. Donieft goufen nach e weideren Auto an e Camion beim Accident beschiedegt.

Wéinst dem Accident hat den CR181 tëscht dem Briddel a Stroossen fir de Verkéier misse gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO