Stau um Freidegowend Accident mat Camion op der A1 a Richtung Stad, Problemer och op der A7

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend goung et plazeweis op eisen Autobunnen e gutt Stéck méi lues a Richtung Feierowend.
© Domingos Oliveira / RTL

Kuerz viru 17 Auer e Freideg den Owend koum et op der A1 Héicht Jonctioun Gréngewald zu engem Accident mat engem Camion, deen och Repercussiounen op A7 hat. D'A1 war zäitweis komplett blockéiert an och d'Bretelle vun der A7 vum Waldhaff fort op d'A1 huet misse gespaart ginn.

Eng Deviatioun goung iwwer de Rond-point Serra um Kierchbierg, dat natierlech och op den Niewestroosse fir Chaos gesuergt huet. D'Deviatioun fir den Trafic vun der A1 ass via de Findel an de Rond-point Iergäertche  gaangen.

Back to Top
CIM LOGO