
E Freideg de Moie war et plazeweis glat op de Stroossen, wat dann och en Automobilist op der Streck tëscht Dippech an Holzem huet musse feststellen. Hien ass mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm an ass e Gruef erof bis an e Feld gerutscht. Éischten Informatiounen no ass et beim Materialschued bliwwen.
D’Police huet dann awer op der Plaz en Appell un d’Automobiliste gemaach, virsiichteg ze fueren, well hannert all Kéier de Buedem ugezu kéint sinn.
1 Blesséierte gouf et bei engem Accident géint 6.40 Auer op der Streck tëscht Folkendeng an der Reisermillen. Wéi de CGDIS schreift, wier hei just een Auto implizéiert gewiescht. D’Ambulanz aus der Fiels war op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vun Iermsdref a Bettenduerf.
Am Laf vun e Freidegnomëtteg gouf et dann nach fënnef weider Accidenter:
Kuerz no 13 Auer louch um CR320 tëscht Pëtschent a Stolzebuerg en Auto op der Kopp, woubäi eng Persoun verwonnt gouf. D’Rettungekippen aus der Nordstad a vu Weiler-Pëtschent waren am Asaz.
E weideren Asaz fir d’Nordstad-Secouriste gouf et dann um 14.37 Auer op der N7 tëschent dem Fridhaff an Dikrech, wou een Auto en Accident hat, awer ouni datt ee blesséiert gouf. Nach een Accident mat engem Gefier awer ouni Blesséierte gouf et dann um 16.23 Auer um CR143 tëschent Gréiwemaacher an Uewerdonwen, wou d’Rettungsekippe vu Mäertert a Mäertert-Gréiwemaacher an den Asaz geruff gi sinn.
Tëschent 16 a 16.30 Auer dann zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten: Eemol op der N15 tëschent Donkels an dem Pommerlach, wéi och an der Rue du Rail zu Nidderkuer. Op der N15 waren d’CGDIS-Ekippe vu Wolz, Klierf a Wanseler am Asaz, zu Nidderkuer déi vu Suessem-Déifferdeng.