
De Poliziste ware beim patrulléieren opgefall, dass d'Dier vun engem Gebai op der Place des Martyrs opstoung. Wéi se d'Gebai kontrolléiert hunn, hu se gesinn, dass 3 Persoune geflücht sinn. Si hätte sech ze Fouss duerch d'Bascht gemaach. E soll sech ëm 3 Männer handelen, südlännesch, ronn 1m80 grouss, schmuel Statur.
Am Police-Bulletin heescht et dann, et wier eng grouss-ugeluechte Sichaktioun an d'Weeër geleet ginn, dat och mat Policehelikopter an Hondsstaffel. D'Täter konnten awer net fonnt ginn. Den Abroch war géint 1.45 Auer um Freideg.
All Informatioune si fir den 113.