
En Onbekannten hat versicht, sech iwwert d'Terrass Zougang zum Haus ze verschafen. Wéi den Onéierlechen dobäi erwëscht gouf, huet hie sech duerch d'Bascht gemaach.
An der selwechter Strooss gouf tëscht 15.30 an 20 Auer agebrach. Hei konnt keen Abriecher ermëttelt ginn.
Verdächteg Beobachtungen an der Rue Abbé Joseph Flies an Ëmgéigend sollen der Police ënnert der Nummer 244 80 1000 gemellt ginn.
Och zu Diddeleng an der Rue Eugene Conrad gouf e Mëttwoch en Onéierlechen op frëscher Dot ertappt. En onbekannte Mann ass der Proprietärin an hirem Haus entgéint gelaf komm an huet sech séier aus dem Stëbs gemaach a konnt vun der Police net gepëtzt ginn. E Mann, op deen d'Täterbeschreiwung gepasst huet, gouf kuerz viru 14 Auer zu Diddeleng gesinn, wéi e versicht hat, an e Méifamilljenhaus anzebriechen. Hien ass a Richtung Busarrêt verschwonnen, wéi hie bis entdeckt gouf.
Täterbeschreiwung vun der Police
Zwischen 20 und 30 Jahre alt, von dunkler Hautfarbe, bekleidet mit einer grauen Jacke mit schwarzer Kapuze, einer schwarzen Jogginghose und schwarzen Schuhe sowie schwarzen Handschuhen.
All d'Informatioune si fir d'Police Diddeleng (Tel.: 244 69 1000).