
E Sécherheetsbeamten huet de Polizisten matgedeelt, dass eng onbekannte Persoun am Gebai wier. De presuméierten Abriecher huet sech verstoppt, konnt awer no kuerzer Géigewier immobiliséiert ginn. E gouf verhaft an huet elo Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.