
Nodeems den Alarm vum Geschäft an der Rue Grande-Duchesse Charlotte ausgeléist gouf, hunn d'Beamten e Mann dobäi erwëscht, wéi hien eng Fënster ageschloen a Bijoue geklaut huet. Dunn huet sech den Onéierlechen aus dem Stëbs gemaach, gouf awer kuerz Zäit drop vun der Police ermëttelt.
Wéi erauskoum, hat den alkoholiséierten Déif Geschier fir anzebriechen dobäi an Händchen. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl a koum en Donneschdeg virun den Untersuchungsriichter.