
An der Nuecht op e Mëttwoch sinn onbekannte Persounen duerch eng oppe Garage an en Haus an der Rue de Dondelange zu Nouspelt agedrongen. Wéi si dobanne waren, hu si e Waffeschaf, deen am Keller stoung, opgemaach a véier Gewierer a Munitioun geklaut. Zwee vun de Gewierer goufen duerno baussent dem Haus fonnt.
Am Kader vun enger Enquête, déi an d'Weeër geleet gouf, gouf dann en Deel vun der geklauter Munitioun op engem Feldwee zu Kiele séchergestallt.
E Mëttwochnomëtteg krut d'Police e versichten Abroch an en Haus an der Rue du Schlammestee zu Weiler zum Tuer gemellt. Zwou Persoune sinn hei geflücht, wéi si vun engem Bewunner gesi goufen. Ee vun de Brigangen huet den Awunner bei der Flucht op de Buedem gehäit. Dëse gouf dobäi liicht blesséiert.
Déi zwee Verdächteg si vun enger drëtter Persoun mat engem Auto ofgeholl ginn. Déi Dräi si schliisslech Richtung Frankräich geflücht. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet, huet awer kee Resultat bruecht. Et gouf awer en Tournevis séchergestallt, deen ee vun de Verdächtegen op der Flucht ewechgeheit huet.
Géint 19:30 Auer e Mëttwochowend gouf der Police dann en Abroch an e Gefier op engem Parking an der Stater Avenue Kennedy gemellt. Een oder e puer onbekannt Täter hunn hei d'Fënster vum Gefier ageschloen an eng Posch geklaut. De Besëtzer konnt d'Posch allerdéngs kuerz drop an engem Park an der Géigend vum Parking erëmfannen. D'Suen, déi virdrun nach an der Posch waren, hunn allerdéngs gefeelt.
E Sonndeg scho gouf dann e Mann festgeholl, deen an engem Buttek an der Avenue Pasteur um Lampertsbierg Alkohol geklaut huet. Hie koum virun den Untersuchungsriichter.
An och en Dënschdeg gouf der Police géint 13:30 Auer e versichten Déifstall vun Alkohol aus engem Geschäft an der Avenue Pasteur um Lampertsbierg gemellt. E Mann hat versicht, Fläschen am Wäert vu 55 Euro matzehuelen, hie gouf awer vun engem Sécherheetsmann dru gestéiert. Eng Patrull vun der Police huet de Verdächtege kontrolléiert an dobäi och presuméiert Abrochsmaterial fonnt. Och hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
E Mëttwoch géint 14 Auer koum et dann zu engem versichten Déifstall vun engem Puer Schong an engem Akafszenter zu Stroossen. Den Täter hat heifir eng Akafstut extra esou preparéiert, fir d'Schong un der Kees laanscht ze schleisen. Dat ganzt ass awer opgefall an hie gouf vum Sécherheetsdéngscht festgehalen, bis d'Police op der Plaz war. Och hie koum op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.