ZeienopruffAbriecher huet sech an der Stad duerch d'Bascht gemaach

RTL Lëtzebuerg
Op der Areler Strooss an der Stad haten e Mëttwoch 2 Männer an eng Wunneng agebrach. Ee vun den Abrieche konnt festgeholl ginn, deen aneren ass geflücht.
© AFP (Archiv)

E Mëttwoch de Mëtteg goufen op der Areler Strooss an der Stad zwee Männer am Flagranti erwëscht, wéi si aus enger Wunneng spadséiert sinn, wou se just virdrunner agebrach waren. De Proprietär vum Appartement hat d'Männer ugetraff, wéi hien a seng Wunneng wollt.

Aner Awunner a Persounen op der Strooss konnten déi zwee Gangstere festhalen. Ee krut sech awer lassgerappt a konnt a Richtung Stroosse flüchten. Deen zweete Mann koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Deen zweete Mann, dee weiderhin op der Flucht ass, huet slawesch Originnen, ass 1,75 Meter grouss, dënn, hat eng hellblo Jeans-Box an een Hiem un.

All d'Informatioune si fir d'Police aus der Stad. D'Telefonsnummer ass de 244404500.

Back to Top
CIM LOGO