
Géint 7 Auer war der Police an der Rue du Nord en Abroch an eng Wiertschaft gemellt ginn, bei deem den Täter eng Fënster ageschloen huet, fir eran ze kommen. Op der Plaz konnt ee Bluttspuere fannen, déi dorop schléisse gelooss hunn, datt den Abriecher blesséiert war.
Am Kader vun der Enquête gouf eng Beamtin vun der Hondsstaffel zougezunn. Zäitgläich war der Police e versichten Abroch a der Route d'Esch gemellt ginn, wou een déi selwecht Spuere fonnt huet. An der Géigend vun der Route d'Esch konnten d'Beamten aacht Persounen an engem Gebai ermëttelen, dat eidel stoung. Donieft goufen och déi geklaute Géigestänn vun engem vun den Abréch séchergestallt souwéi divers weider Wäertgéigestänn, déi warscheinlech vun anere Strofdote stamen.
Ënnert de Persoune konnt de presuméierten Täter vum Abroch an der Uewerstad ermëttelt ginn, deen och versicht hat an der Route d'Esch anzebriechen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Bei deenen anere Persoune gouf festgestallt, datt si géint d'Immigratiounsgesetz verstouss hunn, een dovunner gouf an de Centre de rétention bruecht.