Police-BulletinAbréch zu Kielen an zu Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
Géint 22 Auer e Samschdeg den Owend gouf an en Haus an der Rue d'Olm zu Kielen agebrach, d'Täter konnten net gepëtzt ginn.

D'Abriecher sinn éischten Erkenntnesser no duerch eng opgehiewelt Fënster an d'Haus erakomm. D'Police huet nach no den Täter gesicht, dat awer ouni Erfolleg.

Zwee weider Abréch gouf et dann zu Schëffleng, dat am Zäitraum tëscht mëttes 14 Auer an owes 21.45 Auer. Eemol war en Haus am Biergemer Wee betraff, an op der anerer Säit eng Wunneng um Rez-de-chaussée an der Cité op Hudelen. Hei goung de Wee an d'Wunneng warscheinlech iwwert eng Terrassendier.

An alle Fäll gouf d'Spueresécherung an den Asaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO