Police melltAbréch zu Bungeref, Munneref, Mäertert a Rodange

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, gouf e Méindeg a Wunnengen zu Bungeref, Munneref a Rodange agebrach. Am Laf vun der Nuecht gouf et nach en Abroch zu Mäertert.

Hei gouf an eng Lagerhal vun engem Liewensmëttelbuttek agebrach.

Weider mellt d'Police, dass eng Automobilistin zu Koplescht duerch hire Fuerstil opgefall ass. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO