
An der Stroossbuerger Strooss an der Stad koum et géint 16.45 Auer zu enger Farerflucht. Eng Foussgängerin war do op engem Zebrasträifen ugestouss ginn an de Chauffer huet sech ewechgemaach. D'Fra gouf liicht blesséiert a koum an d'Spidol. Et gouf protokolléiert an Ermëttlunge lancéiert.
Géint 19.30 Auer koum et nach zu Suessem zu engem Accident tëscht engem Gefier an engem Cyclist op der Héicht vun der Autobunnssortie vun der A13. De Cyclist gouf liicht verwonnt a koum fir eng medezinesch Kontroll an d^'Spidol. Den Accident gouf protokolléiert.
Am Nomëtteg ass der Police op der N2 zu Lëtzebuerg-Hamm en Auto bei enger rouder Luucht beim Rond-point Iergäertchen opgefall, bei deem déi 2 viischt Pneuen ofgefuer waren. Bei der Kontroll hunn d'Beamten e staarke Cannabis-Geroch opgefall, doropshi gouf en Drogen-Schnelltest gemaach, dee positiv war. Et gouf eng klinesch Ënnersichung ugeuerdent, den Auto gouf ofgeschleeft an et gouf eng Plainte deposéiert.
Tëscht 16.30 a 17.30 Auer hunn Abriecher sech Zoutrëtt an en Haus zu Wolz an der Honselerbaach-Strooss verschaaft. E puer Wäertgéigestänn goufe geklaut. Eng Plainte gouf gemaach an Ermëttlungen ageleet.
Virun engem Wunngebai an der Strooss om Flouer zu Duelem goufe géint 2 Auer 2 Vëloe geklaut, déi an enger extraer Box deposéiert waren. D'Schlass war opgebrach ginn. Bei de geklaute Vëloen handelt et sech ëm e bloen Dammen- an ee rouden Härevëlo vun der Mark Ghost, Modell Kato am Wäert vu jee 750 Euro. Och hei gouf eng Plainte gemaach.