
Dëse léich jo op engem katastrophal héije Niveau, mat iwwer 18%, also ronn 106.000 Leit déi ënnert dem Aarmutsrisiko musse liewen – dat ass méi wéi an der EU-Moyenne.
Fir Déi Lénk wier dat d‘Suitte vu politeschen Decisiounen.
Den CSV-Deputéierten Paul Galles huet en nationale Plang géint d’Aarmut gefuerdert.
D’Familljeministesch Corinne Cahen huet vun enger Responsabilitéit vun der ganzer Regierung geschwat. Präventioun an den Zougang zu Bildung wiere primordial.
D’Plenière ass dann och um Mëttwoch de Mëtteg nees vu 14 Auer u beieneen.
Den Optakt mécht den Debat iwwert eng question élargie vum CSV-Deputéierten Marco Schank iwwert de Klima-Bonus.