DiddelengAarbechter 5 Meter an d'Déift gefall a liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Rue Mayrisch de St Hubert koum et en Donneschdeg de Moie géint 11.20 Auer zu engem uergen Aarbechtsaccident op engem Chantier.
© Domingos Oliveira / RTL

En Aarbechter ass ronn 5 Meter an d'Déift gefall a gouf liewensgeféierlech blesséiert. Nodeems hien op der Plaz vum Samu versuergt gouf, koum hien an d'Spidol.

D'ITM war op der Plaz an de Parquet gouf informéiert.

Back to Top
CIM LOGO