
Tëschent dem 15. an dem 21. September goufen am Ganzen 93 Enseignanten a Quarantän gesat, mat enger Autorisatioun de sortie, fir schaffen ze goen.
Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen op eng parlamentaresch Fro.
Esou Autorisatioune géifen et bis elo net fir aner Beruffer ginn. D'Direktioun vun der Santé plangt awer un sou enger Prozedur fir d'Gesondheetsberuffler an de Spideeler an an de Maisons de soins, ënner strengen Oploen natierlech.
Bis ewell wier nach keng Demande fir sou eng Autorisatioun era komm. All Bierger ka sou eng Demande bei der Direktioun vun der Santé stellen. All Ufro géif dann individuell traitéiert ginn, heescht et an der Äntwert vun der Ministesch.
Schaffe goen, dat trotz Quarantän? Interview mam Paulette Lenert