Corona-Réckbléck vun der Santé9 vun 10 Patienten op der Intensivstatioun waren net geimpft

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch si 4 Persounen a Relatioun mam Covid gestuerwen an et goufen 1.118 Persoune positiv op de Coronavirus getest.
© AFP

Dat huet d'Santé e Mëttwoch an hirem Wochebilan matgedeelt. 76,5 Prozent vun der Populatioun iwwer 12 Joer sinn antëscht geimpft. 9 vun 10 Patienten op der Intensivstatioun waren et net.

Alles an allem sinn d'lescht Woch 24 Persoune wéinst Covid an d'Klinik komm, 10 waren op intensiv Soinen ugewisen. Vun de 24 Covid-Patienten haten der 6 hir Impfung komplett ofgeschloss. Op der Rea louche wéi gesot quasi nëmmen Ongeimpfter. D'lescht Woch waren hei 3 Better méi beluecht wéi déi 7 Deeg virdrun an d'Altersmoyenne vun de Patienten ass op 59 Joer eropgaangen. D'Belaaschtung an de Klinicken hëlt also zou, ass awer net mat där vum leschte Joer ëm déi selwecht Zäit ze vergläichen. Virun engem Joer goufen 192 Persounen an der Woch virun Allerhellegen hospitaliséiert, 17 op der Intensivstatioun.

Den Inzidenztaux bei den Net-Geimpfte läit der Santé no bei iwwer 0,258%. Bei de Geimpften dogéint bei 0,123%. Alles an allem goufe mat 1.118 Fäll 14% méi positiv getest wéi nach déi Woch virdrun. Vun enger Explosioun vun den Infektiounen, enger exponentieller Hausse, kann den Ament also nach keng Rieds goen. D'Zuele klammen awer graduell. D'lescht Woch hat et well vun der Gesondheetsministesch geheescht, mir wieren hei am Land an der véierter Well ukomm. Dat mierkt een och am Ofwaasser. D'Konzentratioun war ze lescht an der Kläranlag zu Wolz am héchsten. D'7-Dages-Inzidenz louch bei 176 Fäll op 100.000 Awunner an ass an allen Alterstranchen eropgaangen.

Suergen muss engem hei wuel am meeschten d'Tatsaach maachen, datt den Inzidenztaux besonnesch bei den eelere Leit iwwer 75 Joer an d'Luucht gaangen ass. Hei gouf et d'lescht Woch eng Progressioun vu ganzer 54%. Mat 268 Fäll op 100.000 Awunner war d'Inzidenz awer weider bei de Kanner vun 0 bis 14 Joer am héchsten.

D'Leit stieche sech nach ëmmer am meeschten an der Famill un. 31% vun den Infektioune konnten op de private Kader zréckgefouert ginn. Duerno kënnt d'Schoul mat 14%, virun der Fräizäit an der Aarbecht mat jeeweils ëm déi 7%. 34% vun de Fäll konnten net eendeiteg retracéiert ginn.

Am Lycée Mathias Adam an der Gemeng Péiteng gouf et en Infektiounscluster. Fir d'éischt waren zwee Schüler positiv getest ginn. An der Woch drop hu sech 5 weider Jonker ugestach.

Fir dës Woch goufe 15.746 Impfdosisse gesprëtzt. 4.736 Leit kruten hir éischt Dosis an ëmmerhin 9.420 Leit eng zousätzlech. Domadder sinn elo bal 423.000 Persounen zu Lëtzebuerg komplett geimpft. Déi ganz Woch nach ass iwwregens e Stater Linnebus als mobillen Impfzenter ëmfunktionéiert. De Bus fiert nach bis e Freideg an déi eenzel Quartieren als zousätzlech Offer zu der Victor-Hugo-Hal.

PDF: Rapport hebdomadaire

Back to Top
CIM LOGO