Op eise Stroossen9 Blesséierter bei 7 Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et zanter e Freideg den Owend eng Partie Accidenter, bei deenen all Kéiers Persoune liicht blesséiert goufen.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Tëscht Suessem a Péiteng ware kuerz no 19 Auer dräi Autoen matenee kollidéiert, 3 Leit sinn hei verwonnt ginn. Zu Dikrech ass eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn a gouf liicht blesséiert.

Op der EscherAutobunn sinn an der Nuecht tëscht Hollerech an Esch zwee Autoen anenee geknuppt an et gouf eng Persoun blesséiert. An um Boulevard Victor Thorn an der Stad ass kuerz virun 3.30 Auer en Automobilist an e Bam gerannt, och hei gouf ee Mënsch liicht verwonnt.

Op der DiddelengerAutobunn krute sech da kuerz no 7 zwee Gefierer ze paken, dat a Richtung Stad hannert der Aire de Berchem, eng Persoun gouf blesséiert.

Kuerz no 10 Auer um Samschdeg de Moien war en Auto op der Opfaart vun der A13 zu Käerjeng a Richtung Esch op d'Kopp gaangen, hei gouf eng Persoun verwonnt.

Kuerz viru 14 Auer ass zu Bouneweg an der Rue des Gaulois eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. D'Stater Pompjeeën an Ambulanz waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO