
Dobäi komme 65 Avertissements taxés bei enger Kontroll op der Gare. An Zesummenaarbecht mat der Police goufen u 4 Deeg a 34 Zich kontrolléiert, hei goufen et awer keng Protokoller. Am Ganze wiere bis ewell iwwer 5.000 Leit kontrolléiert ginn.
Bis ewell goufen 80 Protokoller an CFL-Zich, respektiv op der Gare ausgedeelt, well Persoune sech net un d'Maskeflicht gehalen hunn. Dat schreift den Transportminister François Bausch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Max Hahn.
D'Zuchpersonal ka selwer keng Sanktioune verdeelen, dat ass der Police an der Douane virbehalen.
