Wéinst der Pandemie80 Lëtzebuerger blockéiert am Ausland

RTL Lëtzebuerg
Eng 1.000 Lëtzebuerger, déi wéinst der Pandemie anzwousch an der Welt festsouzen, konnte bis ewell mat Hëllef vum Ausseministère rapatriéiert ginn.
80 Lëtzebuerger blockéiert am Ausland
Eng 1.000 Lëtzebuerger, déi wéinst der Pandemie anzwousch an der Welt festsouzen, konnte bis ewell mat Hëllef vum Ausseministère rapatriéiert ginn.

Och déi Lëtzebuerger Ambassadë schaffen natierlech hei mat.

Um Stand vum leschten Donneschdeg waren awer nach ëmmer eng 80 Leit am Ausland blockéiert. Fir si ass heemkommen den Ament alles anescht wéi einfach.

Den Ausseministère ass sech der Problematik bewosst. Am Ufank vun der Pandemie wär et nach méi einfach gewiescht, fir Leit nees heem ze bréngen, well et nach méi Fluchverbindunge goufen, dat wär antëscht net méi de Fall.

De Lëtzebuerger Ausseminister erkläert, dass d'Belsch, d'Hollänner, déi Däitsch, d'Fransousen an d'Britten dem Grand-Duché gehollef hätten, fir iwwerhaapt nach Plazen op den grousse Vollen ze kréien an och dierfen ze behalen, wat bei wäitem net einfach gewiescht wär, sou de Jean Asselborn. Do hätten d'Ambassaden e wichtege Rôle gespillt. Wéinst der Covid-19-Pandemie sinn nämlech net nëmme Grenzen, mä och Loftraim gespaart a vill Volle gestrach.

Den Ament sëtzen also nach eng 80 Lëtzebuerger ronderëm de Globus fest. Déi meescht dovunner a am Marokko, awer och op de Philippinnen, a Latäinamerika an an den USA.

Back to Top
CIM LOGO