Ze vill gedronk8 Permisen an der Nuecht op e Samschdeg agezunn
Géint 2 Auer ass een Automobilist, deen eng 180-Grad-Kéier an der Rue de la Tour Jacob wollt maachen, an d'Fassad vun engem Haus gerannt.
De Chauffer hat ze vill gedronk, säi Führerschäin ass fort.
Ähnlech ass et nach 7 aneren Automobiliste gaangen:
- Géint 21.30 Auer um CR118,
- Géint 1.30 Auer zu Réiser,
- Géint 2.15 Auer an der Hollerecher Strooss an der Stad,
- Géint 3.48 Auer op der Place de Metz an der Stad,
- Géint 5.45 Auer um Boulevard de la Foire an der Stad,
- Géint 5.30 Auer a Clausen,
- Géint 7.30 Auer zu Sandweiler.