Coronavirus zu Lëtzebuerg8 Mënsche gestuerwen, vun 11.201 Tester waren der 349 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt 8 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL

Am Ganze sinn et elo zu Lëtzebuerg 418 Mënschen um oder mam Coronavirus gestuerwen.

Aktuell sinn 238 (-1) Patienten hospitaliséiert, dovunner 48 op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO