
En Dënschdeg koum et géint 13 Auer zu engem Accident an der rue du Canal zu Esch. E bloe Ford krut hei en 8 Joer aalt Kand ze paken, woubäi dëst liicht blesséiert gouf.
An deem Zesummenhang sicht d'Police vun Esch no engem Automobilist mat onbekanntem Won, dee wärend dem Zäitpunkt vum Accident an der Kanalstrooss stoe bliwwen ass, fir e Mann, sou wéi d'Kand, dat ugestouss gouf, iwwert d'Strooss ze loossen.
Den Automobilist a soss Zeie solle sech bei der Police vun Esch mellen, dat um 244 50 1000 oder iwwer Mail (Police.ESCH@police.etat.lu).
Och an der rue d'Alsace an der Stad koum et zu engem änleche Virfall. Hei krut um kuerz virun hallwer 4 eng Camionnette eng Persoun ze paken a gouf blesséiert, esou den 112.