CGDIS8 Blesséierter bei Accidenter um Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Um 11 Auer krute sech 2 Autoen ze paken op der Route de Luxembourg zu Diddeleng. 2 Leit goufe blesséiert.
© Maurice Fick

Zu Mamer an der Areler Strooss war et um 12.12 Auer ee Bus, deen een Auto ze pake krut. 2 Leit goufen hei verwonnt.

Um 12.23 Auer war et eng Kollisioun tëscht 2 Ween tëscht Haassel a Siren an um 13.39 och zu Alzeng. Hei goufen eng Persoun, respektiv 2 Leit blesséiert.

Um 14 Auer war et een Auto op der Kopp bei Wolz. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO