Verwaltungsgeriicht8.000 Euro Corona-Strof géint Gerante vu Café opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
Dëst, well d'Gerante selwer keng Copie vum Procès-Verbal krut, mä d'Serveuse, déi zu deenen Amenter am Café geschafft hat.

Um Verwaltungsgeriicht krut en Donneschdeg d'Gerante vun engem Stater Café eng Geldstrof vun 8.000 Euro nogelooss, déi d'Gesondheetsministesch am Kader vun der Lutte géint de COVID-19 géint si gesprach hat.

Den Tribunal administratif huet der Fra hire Recours nämlech als justifizéiert ugesinn an dowéinst den entspriechenden Arrêté ministériel vum 21. September annuléiert. De Staat muss donieft fir d'Fraisen opkommen.

Geriicht: Corona-Strof nogelooss / Reportage Eric Ewald

Den 10. Juli hate Poliziste vum Kommissariat Lëtzebuerg-Gare festgestallt, dass e puer Leit baussent a 4 Persounen um Comptoir vun engem Café gedronk hätten, am Stoen an ouni e Mond-/Nueseschutz unzehunn. D'Paulette Lenert hat dowéinst Enn Juli eng Geldstrof vun 1.000 Euro géint d'Gerante vum Café gesprach, dat op Grond vum Gesetz vum 24. Juni. Den 11. Juli, dat heescht just een Dag nom 1. Virfall, hat d'Police nach emol e Procès-verbal geschriwwen, well op d'mannst 6 Leit do am Stoen an am Danze gedronk, 4 Persoune kee Mond-/Nueseschutz ugehat hätten a Clienten och sou eran an eraus gaange wären. D'Gesondheetsministesch hat dofir Enn September eng Geldstrof vun 8.000 Euro gesprach. D'Gerante vum Café war lescht Woch en Donneschdeg dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Deem seng éischt Riichter halen an hirem Urteel vu fest, dass Infraktiounen zum Gesetz vu Polizisten an Douaniere kënne constatéiert ginn. Dee Moment misst e Rapport geschriwwe ginn, vun deem eng Kopie un déi Persoun goe misst, déi d'Infractioun begaangen huet. Déi kéint da bannent zwou Wochen hir schrëftlech Observatiounen dozou eraginn, déi eng Influenz dorop kéinten hunn, ob eng Geldstrof ze sprieche wär oder net.

D'Polizisten haten allerdéngs festgehalen, dass d'Infraktioun net vun der Gerante begaange gi wär, mä vun enger Serveuse. Déi Fra hätt och d'Kopie vum Procès-verbal kritt. Dem Gesetzgeber no kéint awer just e Responsabelen als Auteur vun enger Infraktioun qualifizéiert ginn. Déi Persoun misst dann och eng Kopie kréien. Fir d'Riichter hätt d'Gerante deemno Recht, wa se soe géif, si hätt eng Kopie vum Procès-verbal misse kréien, fir sech verdeedegen ze kënnen. Well net aus dem Dossier ervirgeet, dass d'Gerante sou eng Kopie krut, wären hir Rechter net garantéiert gewiescht a wär den ëmstriddenen Arrêté ministériel z'annuléieren.

Back to Top
CIM LOGO