Prekariséiert a vulnerabel wärend der Kris6 Persounen ouni Daach iwwert dem Kapp den Ament nach an engem Hotel

RTL Lëtzebuerg
Si gi vun enger Associatioun betreit, mussen awer geschwënn do eraus. Déi zoustänneg Ministesche versécheren, datt no jidderengem gekuckt géif ginn.

An enger dréngender parlamentarescher Fro hat den CSV-Deputéierte Paul Galles d'Ministesche Lenert a Cahen no der Situatioun vu besonnesch vulnerabele Persounen ouni festem Daach iwwert dem Kapp gefrot.

Sengen Informatioun no géifen den Ament 6 chronesch krank Persounen tëschent 60 a 67 Joer vun enger Associatioun an engem Hotel um Findel betreit ginn. D'Associatioun géif och d'Käschte vun den Iwwernuechtungen iwwerhuelen, ma si misste geschwënn, warscheinlech de 15. Juni, do eraus. D'Persounen, déi aus Polen a Rumänien kéimen, hätte keng Sozialversécherung.

An hirer Äntwert op d'parlamentaresch Fro schreiwen d'Paulette Lenert an d'Corinne Cahen, datt hinnen d'Situatioun vun deene 6 Persoune bekannt wier. Et wier een am Ablack am Kontakt mat der Associatioun, fir d'Leit an eng "bestoend an adaptéiert Struktur ze orientéieren". Et géif och e sozialen a medezinesche Suivi gemaach ginn.

Vum 1. Juli u géif d'Croix-Rouge eng Halte de Nuit am Gebai B vun der Wanteraktioun um Findel organiséieren, esou nach d'Ministeschen, déi reservéiert wier fir besonnesch vulnerabel Persounen. Hei géif et och d'Méiglechkeet ginn, sech an engem Eenzelzëmmer z'isoléieren, wann een op d'Resultat vun engem COVID-19-Test waart. Persounen ouni Dag iwwert dem Kapp, déi COVID-19 positiv wieren, kéinte fir d'Dauer vun hirer Krankheet zu Kolpech betreit ginn. Deen Zerwiss geet allerdéngs och just nach bis den 17. Juli.

Ma och nieft der Wanteraktioun géif et eng Rei Plaze ginn, op deenen obdachlos Persounen d'ganzt Joer iwwer schlofe kéinten a betreit géife ginn, sief dat Haltes de nuit, Foyeren, spezialiséiert Foyere fir drogenofhängeg Leit, "Housing First"-Logementer oder sougenannte "Logements encadrés/accompagnés".

All Mënsch, deen e medezinesche Probleem hätt, géif en Charge geholl ginn, betounen d'Ministesche Lenert a Cahen an hirer Äntwert. Dat ass och d'Thema an enger weiderer parlamentarescher Fro, déi Kéier vum adr-Deputéierte Fernand Kartheiser, déi d'Gesondheetsministesch um Donneschdeg beäntwert huet.

Hannergrond ass e Bréif, deen d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Aussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn am Abrëll un de Flüchtlingsrot geschriwwen hunn. Hei garantéiere si, datt Persounen, déi ouni Openthaltsgeneemegung am Land sinn an eng medezinesch Prise en charge brauchen, keng administrativ Sanktioune musse fäerten.

A senger parlamentaresch Fro wëll de Fernand Kartheiser wëssen, ob d'Ministeren domat net den "Obligation de dénoncer" ausser Kraaft sëtze géingen, deen all Fonctionnairen dozou verflichte géif, Strofdoten dem Parquet ze mellen.

An hirer Äntwert erënneren d'Ministeren de Fernand Kartheiser drun, datt en irregulären Openthalt hei am Land keen Delikt wier. Déi selwecht Äntwert hat den adr-Deputéierten ewell op eng parlamentaresch Fro am August zejoert kritt, an där hie wësse wollt, ob Schoulen Elteren, vun deene se wéissten, datt se keng Openthaltsgeneemegung hätten, missten denoncéieren.

Am Kontext vun der Corona-Pandemie wier et am Interêt vun der ëffentlecher Gesondheet, datt keng krank Persoun aus Angscht virun administrative Konsequenzen net no sech géif kucke loossen, heescht et weider an der Äntwert. Dofir hätten d'Gesondheetsministesch an den Ausseminister d'Zouso ginn, datt keen, dee sech am Kontext vun der Corona-Kris an engem Spidol presentéiere géif, eng "Décision de retour" kréich oder an de Centre de rétention géif placéiert ginn. Déi betraffe Persoune wieren domat awer net regulariséiert.

D'Decisioun, keng administrativ Decisiounen ze huelen, géif net heeschen, datt eng "Obligation de dénoncer" ausser Kraaft gesat gi wier.

Äntwert op parlamentaresch Fro vum Paul Galles

Back to Top
CIM LOGO