D'Pompjeeë ware géint 7 Auer geruff ginn, mat der Informatioun, dass et an engem Haus (Domaine Op Hals) géif brennen, an dass nach 4 Leit um 1. Stack blockéiert wieren. Si konnte mat Hëllef vun enger Dréileeder evakuéiert ginn an de Brand um Rez-de-chaussée konnt séier geläscht ginn.
Et koume 6 Persoune fir eng Kontroll an d'Spidol.
Wéi mer op der Plaz gewuer goufen, kéint eng defekt Chrëschtdagsbeliichtung op engem Chrëschtbeemchen den Ausléiser vum Brand sinn. Offiziell bestätegt ass dat awer net.
4 Ambulanzen, de Stater Samu, d'Pompjeeë vu Leideleng, Beetebuerg, Mamer an aus der Stad waren an den Asaz geruff ginn.