
Am Lokale gouf et e Samschdeg den Owend eng Rei Blesséierter bei Accidenter. Zu Réide sinn zwee Leit verwonnt ginn, wéi en Auto an en Trakter anenee gerannt sinn.
Zu Branebuerg goufen zwou Persoune blesséiert, wéi zwee Autoen a Richtung Këppenhaff matenee kollidéiert sinn.
Eng Persoun gouf blesséiert, wéi se zu Ënsber mat hirem Auto an e Bam geknuppt ass.
An da gouf et nach ee Blesséierten zu Bieles. Hei waren en Auto an e Motocyclist anenee gerannt.
Donieft blouf et op der Diddelenger Autobunn beim Materialschued, wéi do en Auto gebrannt huet.