CGDIS6 Blesséierter bei 5 Accidenter vun e Sonndeg op e Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Hallefnuecht huet sech an der Biwerbaach en Auto iwwerschloen. 2 Persoune goufe bei dësem Accident verwonnt.
© CGDIS

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Biwer a Manternach, grad ewéi d'Ambulanz vun Iechternach.

Kuerz virun 21 Auer sinn tëscht Leideleng an Zéisseng 2 Autoen net laanschtenee komm. Bei dësem Accident gouf 1 Persoun blesséiert. D'Pompjeeë vu Leideleng an d'Stater Ambulanz waren am Asaz.

Zu Rodange an der Rue du Clopp gouf et géint 19.40 en Accident mat engem Blesséierter. D'Pompjeeë vu Péiteng an d'Escher Ambulanz goufen op d'Plaz geruff.

An um 18.10 Auer e Sonndeg den Owend krute sech zu Bech-Klengmaacher en Auto an e Moto ze paken. Och hei gouf ee Mënsch verwonnt. D'Pompjeeë vu Schengen an d'Réimecher Ambulanz hu sech op der Plaz ëm alles gekëmmert.

Um Méindeg de Moie kuerz virun 10 koum et an der Areler Strooss zu Mamer zu enger Kollisioun tëscht 2 Gefierer. 1 Persoun gouf verwonnt. D'Ambulanz vu Lëntgen an d'Stater Pompjeeë waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO