Op eise Stroossen6 Blesséierter bei 5 Accidenter

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS hat um Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg genuch ze dinn.

Am Lokalen gouf et eng Rei Accidenter zanter dem Samschdeg den Owend. De CGDIS mellt zwee 2 Blesséierter zu Wolz wou um 19.20 Auer en Auto an der Rue Michel Thilges op d'Kopp gaangen ass.

Op der Escher Autobunn si géint 19.30 Auer zwee Autoen anenee gerannt. Hei gouf ee Mënsch verwonnt. Ee Blesséierten gouf et och zu Mompech a Richtung Uesweller wéi do kuerz virun 20 Auer e Motorrad an en Auto kollidéiert sinn.

Zu Uewerkuer gouf um 22.10 Auer e Foussgänger an der Rue Prince Henri ugestouss a blesséiert an zu Dondel ass e weideren Auto 1.30 Auer a Richtung Quarte-Vents op d'Kopp gaangen. Och hei gouf ee Mënsch verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO